KontaktÉiert eis:

* obligatoresch

Kaart

NËtzlech Informatiounen:

  • ADRESS

    DÄichhal , 3, rue du deich L-9012 ETTELBRUCK
  • E-Mail ADRESS

    mastertattooconvention@gmail.com
  • Telefonsnummer

    00352 2680 3512

FAQ

Wei sinn d’Öffnungszeiten?

D‘ Convention ass op :
Samstes den 17. November vun 11h00 bis 21h00.
Sonndes den 18. November vun 11h00 bis 20h00.

Gedd ed een Parking?

Jo, direkt niewend der Haal ass ee grousse Parking, dËsen ass gratis.

Kann ech mech op der Plaatz tÄTOWEIREN oder piercen loosen?

Jo, Dir kennt Iech ab 18 Joer tÄtoweiren loossen an ab 16 Joer piercen, mad AnverstÄndnis vun engem legalen Virmond.
Dir kennt och d’TÄtoweirer selwer kontaktÉiren an zwar iwwert AIRER InternetsÄit, iwwert eisen FaceBook, oder sie selwer op der Convention FROEN.

Sinn Kanner erlaabt?

Jo, Kanner dierfen och op d’Convention an Begleedung vun engem Erwuessenen. (Gratis fir jidfereen enner 16 Joer) MannerjÄhreger ouni Begleedung kreien keen Zoutrett.
Ed steet een Espace fir die ganz Kleng zur Verfügung, wou och 2 professionell Animatricen do sinn.

Sinn DÉiren erlaabt?

Nee, an der Haal sinn keng DÉiren zougeloos.

Ass ed mÉiglech dass ech ned eran geloos gin?

Jo, wann Dir keng Carte d’identitÉ fiirweisen kËnnt oder wann der Ënnerm Afloss vun Alkohol oder Drogen stidd.

Gett et eng HygiÈnes Kontroll?

Jo, all Stand gett kontrollÉiert bevir d’Convention opgeed.

Gett et een Viirverkaaf ?

Jo, Dir kËnnt bei all Member vum dem A.s.b.l. ComitÉ froen fir Viirverkaafsticketen, zousÄtzlech gin ed verschidden Plaatzen, an LËtzebuerg, dei Kaarten verkaafen. Des Plaatzen fannt Dir op eisem Internetsite.

Kann een op der Convention eppes iessen oder drenken?

Jo, ausserhalb vun der Haal stinn Iech Foodtrucks zur Verfügung an GedrÉnks kennt Dir bannen un der Bar krÉien.

Waat am Sall VERBUEDEN ass:

  • FËmmen, egal op Zigaretten, E-shisha oder E-Zigaretten
  • Ze grouss TÄschen
  • Waffen
  • Drogen
  • FlÄschen oder Glieser dei ned aus Plastik sinn
  • Rolleren, Skateboards, Hoverboards, etc.

Waat am Sall ERLAABT:

  • Videokameraen oder Photoapparaten
  • Kleng TÄschen, no enger SËcherheetskontroll
  • Motorradshelmer

Viiverkaaf: 1 Daag: 8€ - 2 Deeg: 12€
D’Organisatioun ass NET responsabel wann eppes geklaut GET, eppes verluer geed oder een sech blessÉiert. Weder am Sall nach ausserhalb.
Generell Infoen:

  • Alles gedd MAT CASH bezuelt, een Geldautomat ass 100m eweg vun der Haal.
  • ET GEED keng Casen, VESTIAIREN oder Consignen am Sall.
  • ET ASS mÉiglech sech een Taxi ze ruffen, wann nÉideg.
  • Ticketen sinn NET remboursabel.
  • Den Site ass den ganzen Weekend iwwerwaacht.

PRAISSER op der Plaz: 1 Daag 10€ - 2 Deeg 15€

PREVENTE: 1 Daag: 8€ - 2 Deeg: 12€